Wëllkomm
Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!
Aktuell News | Archiv |

Portes ouvertes 2011
2010-11-19D'Lycéeën a Lëtzebuerg maachen och 2011 hir Dieren nees op fir de Grand public. Deen Dag hunn d'Elteren an d'Kanner d'Geleeënheet di eenzel Lycéeën ze besichen. Verschidden Enseignantë féieren se dann duerch d'Gebaier a weisen hinnen di verschidden Avantagen déi hiert Gebai ze bidden huet. Fir ze wësse wéini di eenzel Schoulen hir "Porte ouverte" hunn, kënnt dir op de folgende PDF klicken.


Formation continue
2010-11-19En Dënsdeg den 23. November an en Donneschdeg de 25. November huet d'Biisser Léierpersonal eng Formatioun zu Biissen



Girls Day / Boys Day
2010-03-03Den 22. Abrëll gëtt fir d'néngte kéier de Girls Day a fir d'sechste kéier de Boys Day organiséiert. Den Ziel vun dëser Initiativ ass d'jonk Leit ze hëllefen eng Aarbecht ze fannen di zu hiren Interessen a Kapazitéite passt. Meedercher a Jonge wäerten d'Chance hu Beruffer ze entdecken di als atypesch fir hire Geschlecht ugesi gi. Fir méi iwwert dës Initiativ erauszefannen, kënnt Dir op de folgende link klicken.