Passer au contenu principal passer au menu principal
Vous êtes ici:

Wëllkomm


Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!


Aktuell News | Archiv |


Virliesconcours 2011

2011-04-08

De leschten Dënsden war d'Ausscheedung fir de "Virliesconcours 2011" an der Bibliothéik vun der Biisser Schoul.


ORIKA

2011-03-30

"Orika" steet fir "Orientatioun fir Kanner". All Joer ginn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 verschidde Lyceesgebaier kucken.
Mir waren dest Joer den 30. Mäerz un der Rei. Moies stungen d'Ackerbauschoul an de Lycée technique vun Ettelbréck um Programm. No engem gudde Mëttegiessen an der Mierscher Kantin si mir du nach nomëttes de Mierscher Lycee kucke gaangen. Et war fir d'Kanner ee flotten an informativen Dag. Op deenen eenzelne "portes ouvertes" kënne si nach weider Informatioune kréien.


Äispist

2011-01-19

Am Kader vum Turnen stung des Woch fir di Biisser Schoul Schlittschung fueren um Programm.
Dënsdes den 18. Januar an donneschdes den 20. Januar gung d'Rees all Kéier mat 2 Bussen op Beefort.
D'Kanner hate vill Freed a jidderee krut ee gudde waarme Chocky.


Mir soen Äddi!

2011-01-16

Zenter desem Schouljoer sinn d'Nicole Sinner-Speller an d'Aline Koob-Berns an hirer wuelverdingter Pensioun. D'Biisser Léierpersonal huet dat am Oktober op der Thillsmille gefeiert.


Chrëschtfeier vum Cycle 2.1

2010-12-17

D'Chrëschtfeier vum Cycle 2.1 fällt haut wéinst dem schlechte Wieder aus. Mir verleeën d'Feier dowéinst op Freides, den 7. Januar 2011. Ufank vun der Virféierung ass um 15:15 Auer.


Première Précédente Suivante Dernière