Schoultransport
D’Kanner musse mat Zäiten um Bus-Arrêt sinn.
D’Instruktioune vum Chauffeur an och vun der Begleetpersoun musse respektéiert ginn.
Schüler déi sech nitt un Reegelen halen an d’Secherheet nitt respektéieren, gi vum Schoultransport ausgeschloss.
Erënnert äert Kannt reegelméisseg un Folgend Reegelen:
- Sëtze bleiwen, bis de Bus komplett steet
- An der Entrée respektiv der Sortie vum Bus gëtt nitt gedréckt
- Nitt virun oder hannert de Bus rennen
- Loosst de Bus fueren ier dir iwwert d‘Strooss gitt
- Benotzt ëmmer de Foussgängerwee
- Beim Waarden op de Bus, haalt Ofstand zu der Strooss
- Allgemeng, benotzt de Bus-Arrêt nitt als Spillplaz
D‘Elteren si gehalen hier Kanner mam Schoulbus fueren ze loossen an d‘Privat Autoe just ze benotze wann et nitt anescht Méiglech ass.
De Bus fiert och schonn deen éischte Schouldag mam normalen Horaire.
D‘Kanner aus dem Cycle1 (Précoce) kënnen och mam Schoulbus mat fueren.
Begleed ginn d’Kanner am Bus vum:
• Manuela VIAGGI-ROCCONI (Circuit 1) -->
• Manon MINDEN (Circuit 2) -->
Arrêt | Busarrêten (Circuit 1) | Zäiten | ||
---|---|---|---|---|
Arrêt 1 | École Préscolaire | 7.20 | 12.05 | 16.05 |
Arrêt 2 | Coin rue des Jardins (rue de la Chapelle) | 7.22 | 12.07 | 16.07 |
Arrêt 3 | 20, rue de la Chapelle | 7.24 | 12.09 | 16.09 |
Arrêt 4 | 45, rue de la Chapelle | 7.26 | 12.11 | 16.11 |
Arrêt 5 | Jicksenhaff | 7.28 | 12.13 | 16.13 |
Arrêt 6 | 33, route de Boevange | 7.33 | 12.18 | 16.18 |
Arrêt 7 | Caisse Rurale | 7.35 | 12.20 | 16.20 |
Arrêt 8 | 41, rue de Reckange | 7.37 | 12.22 | 16.22 |
Arrêt 9 | 62, rue de Reckange | 7.38 | 12.23 | 16.23 |
Arrêt 10 | École Préscolaire | 7.41 | 12.26 | 16.26 |
Arrêt | Busarrêten (Circuit 2) | Zäiten | ||
---|---|---|---|---|
Arrêt 1 | École Préscolaire | 7.25 | 12.05 | 16.05 |
Arrêt 2 | Cité Steekräiz Busarrêt | 7.28 | 12.08 | 16.08 |
Arrêt 3 | 7, rue Dr. J.P. Ecker | 7.29 | 12.09 | 16.09 |
Arrêt 4 | Roost - route de Bissen (en face de la société Ameco) | 7.31 | 12.11 | 16.11 |
Arrêt 5 | Op der Millen | 7.38 | 12.18 | 16.18 |
Arrêt 6 | Am Brill | 7.40 | 12.20 | 16.20 |
Arrët 7 | École Préscolaire | 7.44 | 12.24 | 16.24 |
Séchere Schoulwee
Biissen entwéckelt sech ëmmer weider, an ee wichtege Punkt ass de Wee fir an d’Schoul.
Et kann een zum Beispill aus de Citéen zu Fouss an d’Schoul goen, ouni ze vill iwwert d’Haaptstroosse mussen ze goen.
Eng nei Bréck, déi d’Route de Colmar mat der Rue des Moulins verbënnt, ass fäerdeg.
Hei ass nach eng kleng Lëscht, wéi eng Virdeeler et huet, zu Fouss ze goen:
- Et brauch ee keng Plaz ze sichen fir kënnen aus dem Auto erauszeklammen.
- Duerch d’Beweegung gëtt ee méi fit.
- D’Immunsystem gëtt gestäerkt.
- Ënnerwee kann ee mat de Kollege schwätzen a seng Frëndschafte verdéiwen.
- Et léiert een, mam Trafic ëmzegoen, an et passt ee besser op .
- Den Trafic hëlt of .
- Et sti manner Autoen op den Trottoiren, Zebrasträifen a bei de Busarrêten.
- Manner Ofgase si besser fir eis Ëmwelt.
Aus Sécherheetsgrënn a laut dem „Code de la route“ sinn d‘Awunner gebiede keng Gefierer op den Trëttoiren ofzestellen!!!