
Mir léieren eis Gemeng kennen.
01/07/2018Am Cadre vum Sciences-Unterrëcht hunn d'Kanner aus dem Cycle 3.2. de Fonctionnement vun enger Gemeng kenne geléiert.
Doropshin hate si d'Méiglechkeet dëst Wëssen op eiser Gemeng selwer ze verdéiwen, a konnte flott Interviewen mam Gemengepersonal maachen.
Ee ganz grousse Merci un all d'Leit vun der Gemeng, déi de Kanner dës interessant Erfarung erméiglecht hunn!