Schoulsportdag15/05/2015E puer Schnappschëss vun eisem traditionnelle Schoulsportdag... Am Cycle 3.2 si mir 10 km duerch de Biisser Bësch gewandert. Ënnerwee hu mir 16 mol d'Waasser an der Natur entdeckt: Baach, Weier, Floss, Séi, Dëmpel, Sprangbuer... Mir hunn de Naturbewunner 2 afrikanesch Lidder am Krees gesongen. Et war ee flotte Moien, och wann d'Wieder net ganz matgespillt huet. |