Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:

Ausflug op Léifreg

05/06/2013

De Cycle 3.2 huet ee flotten Ausflug op Léifreg gemaach.

Et ass ee spannende Piraterallye duerch de Bësch gemaach ginn, wou d'Kanner de Schlëssel fir e wäertvolle Pirateschatz gesicht hunn. Nodeems si de Schlëssel no iwer 4 Stonnen an 8 km fonnt haten, hu si missten eng Geheimsprooch entzifferen, déi hinnen erkläert huet, wou de Schatzplang fir de Schatz läit. No engem weidere kuerze Rallye ronderem de Marjaashaff hu si endlech voller Begeeschterung de Schatz fonnt.
Owes gouf et een intressante Piratenowend mat Piratelidder, Pirategeschicht an engem Piraten Dokumentarfilm als Ofschloss. Dono war et Zäit fir an d'Bett, et huet nawell laang gedauert, bis dee leschten ageschlof war.
Den zweeten Dag si mer op de Buerfelt getrëppelt, wou mir gemittlech an der Sonn gegrillt, giess a gespillt hunn. Dono krute mer eng ganz léierräich Bëschbesichtegung vun zwee Fierschter gebueden. Et war ee flotten Ausflug.
D'Wieder war super, d'Iessen war "lecker", an d'Animatioun huet vill Begeeschterung fonnt.