Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:

Sportdag Wëlwerwolz

26/05/2013

Eis ganz Biisser Schoul huet um Schoulsportdag zu Wëlwerwolz aktiv matgemaach.

Mir hu fir d'éischt Opwiermspiller um Terrain gemaach: Staffellaf, Schubkar, pomplen, Hampelmann...
Dono si mer bal eng Stonn bei der Schoul gelaf. No dësem Laf krute mer Uebst, Jus a Waasser. Du si mer op eng Wiss gaang, hu Völkerball gespillt, Pyramide gemaach a Naturbiller gebastelt. Zum Schluss krute mer eng Grillwurscht an eppes ze drénken. Just ir mer an de Bus gaang sinn, huet et ugefaang mat reenen. D'Wieder hat et awer nach zimlech gudd mat eis gemengt op dësem Sportdag zu Wëlwerwolz.