Skip to the main content Skip to the main navigation
You are here:

Mäi léiwste Kannerbuch

10/05/2011

Am Kader vum Projet vum Ministär "Mäi léiwste Kannerbuch" hat de Cycle 4 Enn Abrëll zwou Mammen invitéiert fir an hirer Mammesprooch virzeliesen. Des flott Aktivitéit huet an eiser flotter Bibliothéik stattfond.


Fir 't éischt huet d'Madame Tréfois hiirt léiwste Kannerbuch virgestallt an aus "Alice et la rivière sous terre" virgelies.
D'Madame Schmitz-Khang hat direkt 2 Bicher matbruecht. Dat eent war ee Billerbuch aus hirer fréier Kandheet (Zeraldas Riese) a si huet et verstanen de Kanner de Wäert an d'Wichtegkeet vu Billerbicher nozeleeën. Duerno huet si een Extrait aus "Herr der Ringe" virgelies.
D'Kanner ware ganz intresséiert an hu begeeschtert nogelauschtert a Froe gestallt.
Mir soen deenen 2 Damme villmools Merci fir hire Besuch an hir engagéiert Mataarbécht.