Gromperenzalot21/02/2012Dat war mol rem eng flott Däitsch Stonn fir 3. Schouljoer! Um Enn vun eisem Thema "Kartoffeln" am Däitschen hu mir am 3. Schouljoer selwer eng Gromperenzalot an der Klass preparéiert. Et war net einfach fir d'Bratzelen, de Péiterséilech, d'Ënnen, de Knuewléck an d'Kornischonge kleng geschnidden ze kréien. Och fir d'Gromperen ze pellen, an op déi richtegt Déckt ze schneiden war ustrengend. Mee d'Resultat war ee Genoss. Eis Zalot huet einfach fantastesch geschmaacht. |