Skip to the main content Skip to the main navigation
You are here:

Wëllkomm


Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!


Aktuell News | Archiv |




Schoulfräi wéinst COVID-19

2020-03-17

Léif Elteren,

D'Schoulen, d'Maison relaisen an d'Crèche sinn zou fir datt mir der Verbreedung vum COVID-19 Virus entgéint wierken.

Dofir ass et wichteg, datt Dir Är Kanner doheem oder bei guddem Wieder bei Iech am Gaart haalt. Si sollen net mat hire Kolleegen op de Spillplazen, am Haff oder um Terrain beim Jugendhaus zesumme spillen.
Erkläert hinne wisou et wichteg ass, datt si sollen doheem bleiwen.

Mir hunn Iech als Enseignanten, iwwert verschidde Kanäl, sief et um Pabeier, iwwer "Teams" oder hei um Site Méiglechkeete gebuede mat Äre Kanner doheem ze léieren.
Bei Froen si mir ëmmer iwwer Mail fir Iech ze erreechen.

All d'Bilansgespréicher sinn annuléiert a gi méi spéit gehalen.

W.e.g. haalt Iech un d'Bestëmmunge vun der Regierung a bleift gesond.

Français ->  weider Informatiounen


SCHOULFEST 2019

2019-07-14

Dëst Joer stoung eist Schoulfest ganz ënnert dem Thema MUSEK. Vu mëttwochs bis freides konnten d'Kanner u verschidden Atelieren deel huelen. Et gouf Zumba gedanzt, ënnerschiddlech Choreographie astudéiert, Instrumenter gebastelt a souguer d'Uergel aus der Biisser Kierch kruten d'Kanner virgestallt.


Portes ouvertes

2019-06-16

De 14. Juni 2019 huet d'Biisser Schoul hir Dieren fir de Public opgemaach.
Kuckt Iech hei e puer Fotoen un.


Antolin 2.Trimester 2018-2019

2019-04-20

Et gouf nees flaisseg Punkten um Antolin-Site gesammelt! Bravo un all déi, déi matgesammelt hunn!


First Previous Next Last