Passer au contenu principal passer au menu principal
Vous êtes ici:

Wëllkomm


Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!


Aktuell News | Archiv |


St. Nicolas

2011-10-25

En Dënsden de 6. Dezember ass keng Schoul. Et ass Kleeserchesdag!


Allerhelljevakanz

2011-10-25

Vum 31. Oktober bis den 6. November ass Vakanz. Mir wënsche jidferengem eng schéi Vakanz. :)


Wanderung

2011-09-17

Um éischte Schouldag mécht 3. Schouljoer an der Turnstonn eng flott Wanderung rondrem Biissen vun 5,5 Kilometer.


Schoulfest 2011

2011-07-20

Och wann d'Wieder net zu 100% matgespillt huet an sou munchereen kal Fangeren an eng kal Nues kritt huet, wor eist Schoulfest och dëst Joer eng Réussite. A ville flotten Atelieren, ënnert dem Thema Zirkus, hunn d'Kanner aus de Cyclen 1-4 sech gutt ameséiert. E Clown an en Zauberer wore mat vun der Partie an hu Grouss a Kleng un d'Laache bruet.Fir Iessen an Drénken hunn d'Eltre gesuercht. Ee grousse Merci un den Eltrecomité, den Eltreveräin an all di aner Eltren déi sech deen Dag Zäit geholl hu fir ze hëllefen.


Léifreg

2011-07-19

Eisen Ausflug am Cycle 3.2 op Léifreg war fantastesch.


Première Précédente Suivante Dernière