Wëllkomm
Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!
Aktuell News | Archiv |

Vakanzecolonie zu Léifreg
2012-06-25Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an dem Eltreveräin huet de Cycle 3.2 zwee Deeg um Stauséi zu Léifreg verbruecht.

Schulkinder spenden 2000 Euro für Projekt Burkina Faso
2012-06-25Die SchülerInnen der sechsten Klasse brachten eine Zeitung heraus, die wissenswerte Aspekte über Burkina Faso vermittelt. Hilfe dafür bekamen die SchülerInnen von Marcel Scheidweiler. Der Erlös dieser Aktion ging an Herr Scheidweiler (Service Coopération asbl.) der dieses Geld zum Wohle der Menschen in Burkina Faso verwenden will. Um mehr darüber zu erfahren können Sie folgenden Artikel lesen.


De Cycle 3.2 war Theater kucken
2012-06-25Well d'Kanner aus dem Cycle 3.2 sou fläisseg um Liesconcours deel geholl hunn a flott zu hieren zwee Lieblingsbicher gebastelt hunn, goufen si mam Theaterstéck 'Momo' zu Miersch am Kulturhaus belount.

Coupe scolaire
2012-06-18E Samsden de 16. Juni hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 un der Coupe scolaire - dem praktischen Deel vun der Verkéierserzéiung - deel geholl. Ënner schloem Reen hu si probéiert mat hirem Velo esou sécher wéi méiglech duerch di Biisser Stroossen ze fueren. Trotz dem schlechte Wieder hate si awer vill Spaass an hunn alleguerten hire Velosführerschäi kritt.
