Wëllkomm
Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!
Aktuell News | Archiv |

Menuskaarten
2012-12-09All Kanner aus der Biisser Grondschoul (hei de Cycle 3.1) hun d'Menuskaarten gebastelt fir d'Chrëschtfeier vum "Drëtten Alter", déi den 9. Dez. statt fonnt huet.D'Kanner hun sech extra druginn fir deenen eeleren Leit domat eng kleng Chrëschtfreed ze maachen.


"Soupe aux légumes"
2012-10-26Well mir am Franséischen d' "soupe aux légumes" behandelt hun an och an der Sciences iwert gesond Ernährung geschwat hun, hu mir de leschten Dag virun der Vakanz eng Zopp gekacht. All Kand huet e Stéck Geméis matbruecht, et gebotzt, geschnidden an an d'Dëppen geluecht.
Hei e puer Fotoen vun deene klenge Kächaus dem Cycle 3.1.


Heckesträich an hir Friichten
2012-10-01Am Cycle 3.2 hu mir mat Hëllef vum Bestëmmungsbuch Heckesträich bestëmmt.