Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:
Eischt Viregt Nächst Lescht


Schoulfräi wéinst COVID-19

2020-03-17

Léif Elteren,

D'Schoulen, d'Maison relaisen an d'Crèche sinn zou fir datt mir der Verbreedung vum COVID-19 Virus entgéint wierken.

Dofir ass et wichteg, datt Dir Är Kanner doheem oder bei guddem Wieder bei Iech am Gaart haalt. Si sollen net mat hire Kolleegen op de Spillplazen, am Haff oder um Terrain beim Jugendhaus zesumme spillen.
Erkläert hinne wisou et wichteg ass, datt si sollen doheem bleiwen.

Mir hunn Iech als Enseignanten, iwwert verschidde Kanäl, sief et um Pabeier, iwwer "Teams" oder hei um Site Méiglechkeete gebuede mat Äre Kanner doheem ze léieren.
Bei Froen si mir ëmmer iwwer Mail fir Iech ze erreechen.

All d'Bilansgespréicher sinn annuléiert a gi méi spéit gehalen.

W.e.g. haalt Iech un d'Bestëmmunge vun der Regierung a bleift gesond.

Français ->  weider Informatiounen


SCHOULFEST 2019

2019-07-14

Dëst Joer stoung eist Schoulfest ganz ënnert dem Thema MUSEK. Vu mëttwochs bis freides konnten d'Kanner u verschidden Atelieren deel huelen. Et gouf Zumba gedanzt, ënnerschiddlech Choreographie astudéiert, Instrumenter gebastelt a souguer d'Uergel aus der Biisser Kierch kruten d'Kanner virgestallt.


Portes ouvertes

2019-06-16

De 14. Juni 2019 huet d'Biisser Schoul hir Dieren fir de Public opgemaach.
Kuckt Iech hei e puer Fotoen un.


Antolin 2.Trimester 2018-2019

2019-04-20

Et gouf nees flaisseg Punkten um Antolin-Site gesammelt! Bravo un all déi, déi matgesammelt hunn!


D‘Biisser Schoul geet an de Kino

2018-12-21

Als Ofschloss virun der Chrëschtwakanz huet d‘Biisser Schoul ee flotte Mueren am Kino verbruecht!


Antolin 1.Trimester 2018-19

2018-12-18

Och dëst Trimester hunn d'Kanner rem fläisseg Punkten um Antolin gesammelt! Bravo!!


Aweiung vum neie Schoulhaff

2018-11-17

De 17. November ass dee neie Schoulhaff elo och offiziell ageweit gin.
Hei e puer Andréck...


Blannenhond an der Biisser Schoul

2018-03-02

Freides, den 2. Mäerz 2018 huet den Här Jean-Marie eis mat sengem Blannenhond, dem Idem, besicht.

D’Biisser Schoulkanner kruten d’Aarbecht vun engem Blannenhond erklärt an hu mat grousser Begeeschterung vill Froe gestallt!


D'Mme Pascale Link an hir Equipe vun der AMVA hun eis Schoul besicht.

2018-02-26

D'Kanner hun a flotte Présentatiounen a praktëschen Atelieren erfuer, wéi den Alldag fir e blanne Mënsch ofleeft.


Eischt Viregt Nächst Lescht