Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Du bass hei:

Wëllkomm


Wëllkomm um Website vun der Biisser Schoul. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhin ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. Vill Spaass beim Entdecken!


Aktuell News | Archiv |


Bichervirstellung zu Biissen an der "Aler Gemeng"

2018-02-05

D'Tina Kemnitz vu Berlin wousst d'Kanner nees matt enger flotter Bicherprésentatioun ze begeeschteren.


Virliesung "Zilly die Zauberin" am Cycle 2

2018-01-22

E puer Andréck vun der Virliesung vun "Zilly die Zauberin" :)


Siegerehrung Antolin 1. Trimester 2017/18

2018-01-08

Och dëst Trimester hunn d'Kanner rem fläisseg Punkten um Antolin gesammelt! Bravo!!


Antolin

2017-07-08

Ween huet dëst Joer déi meeschte Punkten bei Antolin.de gesammelt? Hei gi der et gewuer! Gléckwonsch un d'Gewënner!


Bicherfloumaart 2017

2017-05-21

Dëst Joer war neess Bicherfloumaart zu Biissen. Vill Bicher hun esou de Besëtzer gewiesselt.

No deem flotte Mueren wäert d'Bibliothéik vun der Biisser Schoul dee grousse Pleséier hun, dem "Foyer d'accueil pour réfugiés" (Croix-Rouge) vu Miersch 1.500 € ze spenden, an doduerch de Familljen vum Foyer een Dag am Betebuerger Park z'erméiglechen.

Ee ganz grousse MERCI un all déi Leit, déi gehollef hun, dësen Dag z'organiséieren!!!


Eischt Viregt Nächst Lescht